Main

Infrastrukture

De Chalet Hondsbesch bitt déi néideg Infrastruktur fir Iwwernuechtung vun Gruppen bis zu 22 Persounen, huet eng komplett equipéiert Kichen een grousse Sall fir maximal 49 Persounen mat dem néidegen Sanitär. De Chalet läit matten an der Nature an trotzdem net wäit vun allem ewech.

Kichen

Et ass eng Semi-Professionell Kichen am Inox mat 6 Gasen engem elektreschen Uewen, duebelen Lavabo, Spullmaschinn an zwee Frigoen.

Donieft gëtt et komplett Besteck fir 60 Persounen.

Grousse Sall

Et ass een Sall fir 49 Persounen mat Beamer, Leinwand an Sound-Anlag. Am Sall sinn 12 normal Dëscher (klappbar) an weider 4 hallef esou breet Dëscher déi fir een Buffet oder esou geduet sinn. Et geet Still fir 60 Leit och wann de Sall just fir 49 Persounen autoriséiert ass.

Sanitär

  • Um Niveau 0, deen och mat Rollstull gutt accessibel ass gëtt et eng Behënnerten gerechten Toilett an Dusch.
  • Um Niveau -1 (Keller) gëtt et jeeweils 3 Dammen an 3 Hären Toiletten an och 3 Pissoiren.
    Weider gëtt et do och nach jeeweils 3 Dammen an Hären Duschen.

Dortoiren

Insgesamt gëtt et Better fir 22 Persounen. Déi sinn an verschidden Dortoiren opgedeelt:

  • 1x 2er Dortoir um Niveau 0 mat engem Bett fir een Behënnerten
  • 2x 4er Dortoir um N+1
  • 2x 6er Dortoir um N+1

Campplaz

Den Terrain vun der Campplaz ass 350m2 an ass fir +- 40 Leit. E gëtt mat Zougang zum Sanitär vum Chalet verlount. D'Plaz ass an zwee Palieren opgedeelt een ënneschte Palier fir Zelter an een ieweschten Palier wou et eng Feierplaz gëtt an soss nach Konstruktiounen gemaach kennen ginn.